La redoutable tâche m’est échue de devoir débattre
[...] des questions qui avaient rapport à l’indépendance
du Grand-Duché.
(Emmanuel Servais : Autobiographie)
Am Virtrag iwwert den Emmanuel Servais (1811-1890),
Staatsminister vun 1867 bis 1874, geet et em d’Stellung vun dësem
bedeitende Politiker zu der nationaler Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
am 19. Jorhonnert. No 1815 huet sech fir Lëtzebuerg e puer Mol
d’Fro gestallt, ob d’Land zu der Belsch, zu Däitschland
oder zu Frankräich gehéiere respektiv onofhängeg bleiwe
sollt. De Virtrag beschäftegt sech mat den ënnerschiddleche
Positiounen, déi den Emmanuel Servais während den europäesche
Krisen vun 1830-39, 1848 an 1867-1872 zu der Lëtzebuerger Onofhängegkeet
vertrëtt.
D’Josiane WEBER ass Professer
an der École de Commerce et de Gestion an zënter 2007 wëssenschaftlech
Mataarbechterin am Centre national de littérature zu Miersch.
Si huet Germanistik a Geschicht op der Universitéit Tréier
studéiert an huet vill iwwer d’Lëtzebuerger Literatur
a Geschicht publizéiert. 2011 huet si en Doktorat op der Universitéit
Tréier iwwert d’Thema Familien der Oberschicht in Luxemburg
(1850-1900): Elitenbildung und Lebenswelten gemaach. |

Emmanuel Servais als Staatsminister
Foto Charles Bernhoeft, Luxembourg.
Familienarchiv Servais
|