Den Henri Servais, dee jéngste Brudder vum Emmanuel
Servais, war gläichzäiteg mat dem Dicks zu Léck op
der Universitéit. Aus der Lécker Zäit gëtt et
e längert Lidd vum Henri Servais, dee grad wéi den Dicks
literaresch a musikalesch begabt war, mam Titel Les Amours de Dicks.
Bei der Preparatioun fir d‘Ausstellung 2, rue Emmanuel Servais
huet sech du erausgestallt, datt den Dicks net nëmmen vum Adèle
aus deem Gedicht vum Henri Servais e Kuerw kritt hat, mee datt en säi
Gléck och ëmsoss bei engem anere jonke Meedche versicht
hat, dat duerno d‘Mamm vum Louise Majerus a spéider d‘Groussmamm
vum Meisy Mongenast-Servais ginn ass. Duerch nei Dokumenter gëtt
net nëmmen d‘Privatliewen vun eisem populärsten Auteur
anescht beliicht, mee och säin Theater - an dësem Fall De
Ramplassang - léisst eng ganz nei an intressant Interpretatioun
zou.
De Roger MULLER war Professer
am Lycée technique Michel Lucius. Zënter 1996 ass hie fräie
Mataarbechter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv. De Roger Muller
ass e grousse Spezialist vun der Lëtzebuerger Literatur vum 19.
Jorhonnert an huet vill iwwer den Antoine Meyer, den Dicks an de Michel
Rodange publizéiert.
|

Henri Servais
Les amours de Dicks
Familienarchiv Servais
|