Si soutzen net all am “Wartezimmer des Kriegs”

Parteiergräifung am Éischte Weltkrich an hir literaresch Duerstellung
Livre_d_or_legio500px

“Wartezimmer des Kriegs” – sou nennt de Batty Weber dat neutraalt Lëtzebuerg 1914-18. Mee net all d’Lëtzebuerger hunn dem Gemetzels aus der sécherer Distanz nogekuckt. De Pierre Marson geet, aus der Siicht vun der Literatur, op den Engagement vu Lëtzebuerger fir béid Krichsparteien an – op den däitschfrëndleche Schrëftsteller Norbert Jacques an op déi Fräiwëlleg an den Arméie vun der Entente.

Dernière mise à jour