Prix Servais 2015

Roland Meyer_Claude Siebenaler400px

De Prix Servais 2015 geet un de Roland Meyer fir säi Roman  „Roughmix“ (Op der Lay 2014).

De Jury lueft „en aktuellen, spannenden an amüsante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen“.

Mam Prix Servais, dee mat 6.000 Euro dotéiert ass, gëtt all Joer dat bedeitendst literarescht Wierk ausgezeechent.

De Roland Meyer liest aus sengem Wierk a schwätz iwwert säi Roman. Dono verzielt de Romain Sahr eis vu „Roughmix“. An et spillen Just Friends mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen.

Dernière mise à jour