…esou flucht de Pappa Ubbu am Roger Manderscheid senger Adaptatioun vum Alfred Jarry sengem Theaterstéck. Vläicht hätt de Rosch dat och geduecht, wann en déi literaresch Hommagen héieren hätt, déi dësen Owend de Jean Back, de Michel Clees, d’Alexandra Fixmer, de Pol Greisch, de Roland Harsch, de Georges Hausemer, de Guy Helminger, de Nico Helminger, De Jean-Paul Jacobs, d‘Josiane Kartheiser, de Cornel Meder, d’Claudine Muno, de Pierre Puth, de Guy Rewenig, de Lambert Schlechter an de Gollo Steffen virdroen.
Et sinn onverëffentlecht Hommagen, déi d’Wierk an den Auteur an de Mëttelpunkt stellen an den Dialog vun de Schrëftsteller mam Rosch weiderféieren.