Buch am Zuch

BuchAmZuch

Dëst Joer verdeelen d’Initiativ Freed um Liesen, de Lëtzebuerger Literaturarchiv an d’CFL fir den UNESCO Weltdag vum Buch an den Auteursrechter den 18. Band aus der Rei E Buch am Zuch – En train de lire – Lesen in einem Zug. Wéi déi Joere virdrun ass och dëse Band vun der Literaturanthologie e Kaddo un d’Clientë vun der CFL a gëtt net verkaaft.

Dës Sammlung vun Texter beschäftegt sech mam Gezei. Gezei vu fréier, Kleedervirschrëften, ze wéineg Stoft a schwieregen Zäiten, Uniformen, Verkleedungen, Sonndesgezei, d‘Moud an hir Entwécklung, d’Verännerung bei Sporttrikoten, all dat hu mir an Extraiten aus där viller Literatur, déi et dozou gëtt, zesummegedroen. Net nëmme machen Kleider Leute, wéi de Gottfried Keller seet, mir gesi mam Michel Lentz, dass et de Schneider ass, deen d’Kleeder, also d’Leit mécht. Déi zum Deel lëschteg, zum Deel eescht an nodenklech Textauszich erziele vun eisem villfältegen Ëmgang mam Gezei. De Rack, deen sech an der Beweegung matdréint, dat friemt Gezei an engem anere Land, un dat een sech awer séier gewinnt, well et praktesch ass, Kleeder, déi Ausdrock vun der Perséinlechkeet sollen oder wëlle sinn – wie kennt net aus eegener Erfarung d‘Problemer an d’Freed mat der Fro: Wat soll ech undoen?

D’Auswiel baséiert, wéi all Joer, op Texter vu Schrëftsteller vu Lëtzebuerg, déi schonn eng Kéier verëffentlecht gi sinn. Bei presuméierte Schreiffeeler a lëtzebuergeschen Texter handelt et sech net ëm Drockfeeler: D’Editeuren hunn sech bewosst un déi historesch an individuell Schreifweis vun den Auteure gehalen. Fir déi bio-bibliografesch Notize war och dëst Joer de Luxemburger Autorenlexikon vum CNL eng grouss Hëllef.

Mir soen all den Auteuren a deenen, déi d’Rechter un den Texter hunn, Merci, datt si ons erlaabt hunn, hir Texter opzehuelen. E besonnesche Merci geet un déijéineg, déi onse Lieser déi Texter geschenkt hunn.

E grousse Merci och dem Verwaltungsrot an der Generaldirektioun vun der CFL. Ouni hir finanziell a logistesch Ënnerstëtzung hätt d’Buch am Zuch net kënne publizéiert ginn.

Dëst Joer gëtt d’Buch am Zuch den 22. Abrëll och an de Garë vu Beetebuerg, Ettelbréck, Miersch a Waasserbëlleg verdeelt.

Dernière mise à jour