En Owend mam Raymond Schaack

Schaack_Raym_400

De Raymond Schaack feiert dëst Joer säin 80. Gebuertsdag – a mir kucken zréck op d’Karriär vum Schrëftsteller, Professer, President vun der APESS a Schreiwert vu Lieserbréiwer. A sengen autobiographesche literareschen Texter huet hien de Studenten a Proffemilieu illustréiert, ma hien huet och Krimien a Poesie geschriwwen.

De Jean-Claude Frisch ënnerhält sech mam Raymond Schaack, deen aus senge Wierker wäert virliesen an och en neit Buch präsentéiert.

An Zesummenaarbecht mam Institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres

 

Dernière mise à jour