| Nr. 15 GONNER, Nicolas (Hrsg.): 'Prairieblummen'
1883 publizéiert den Zeitungsredakteur Nicolas
Gonner zu Dubuque am US-amerikanesche Staat Iowa e Band mat 62 Gedichter
op Lëtzebuergesch. Dräi Dichter stellen heiran hiert Wierk
fir: den Téitenger Jean-Baptiste Nau, dee kuerz Zäit zu
Detroit gelieft huet a du rëm zréck op Lëtzebuerg komm
ass, den Nicolas Edouard Becker, dee fréi mat séngen Elteren
a Wisconsin ausgewandert ass, an do als Farmer, Schoulmeeschter a Politiker
gelieft huet, an den Nicolas Gonner selwer, deen sech virun allem mat
séngem Standardwierk Die Luxemburger in der Neuen Welt en Numm
gemaach huet.
D'Prairieblummen sinn, sou steet et am éischte
Gedicht, e Geschenk un d'Frënn an der aler Heemecht. D'Gedichter
beschreiwen den Alldag vun de Lëtzebuerger Siedler am Mëttlere
Weste vun der USA, vum Bëschrueden aus de Pionéierdeeg bis
zur Oktavprozessioun an Ohio, a si erziele Soën a Legenden, iwwert
de Jang de Blannen esou gudd wéi iwwert den Indianerchief Schwaarze
Bier.
Grad wéi am Original ass an dëser Neiausgab
vun de Prairieblummen och en detailléierte Glossar vum Nicolas
Gonner. E 50-säitege Kommentar vum Sandra Schmit gëtt zousätzlech
Informatiounen iwwert d'Liewe vun den dräi Dichter, verweist op
ënnerschiddlech literaresch a kulturell Aflëss am Wierk, a
bidd en Iwwerbléck iwwert eenzel europäesch Auswanderungsliteraturen
am 19. Jorhonnert.
De Band ass illustréiert an huet 292 Säiten.
Gonner, Nicolas (Hrsg.): Prairieblummen. eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch. Virgestallt a kommentéiert vum Sandra Schmit. Mersch: Centre national de littérature, 2008. ISBN 978-2-919903-10-8.
Präiss: 14 €
|
|