Le Centre national de littérature de Mersch Le Gouvernement du Grand Duché de Luxembourg
 Le Centre national de littérature de Mersch Header-Banner
  Recherche
 x Recherche avancée
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Publications > Nouvelle bibliothèque du Luxembourg > Nr. 17 - “D'Médche vu Götzen” vum Max Goergen

Nr. 17 - “D'Médche vu Götzen” vum Max Goergen

Vers le niveau supérieur

Nr 17: GOERGEN, Max: ‚D’Médche vu Götzen‘

Dem Max Goergen (1893-1978) säin Theaterstéck ‚D’Médche vu Götzen’, dat 1923 eng éischte Kéier a Buchform publizéiert gouf, handelt vum tragesche Schicksal vum Baueremeedche Fini. D´Figur vum Fini ass liewensfrou a liichtfankeg gezeechent. Duerch seng provokativ Haltung vis-à-vis vun de Männer, kënnt déi jonk Fra a Konflikt mat de gesellschaftlechen Normen vum Duerf. Si geréit un dee falsche Mann a kënnt duerch eng ongewollt Schwangerschaft an eng existenziell Noutlag.
Gesangsalagen mam bekannte Lidd vum Meedche vu Götzen sinn an d’Stéck ageschafft, an den Handlungsoflaf lehnt sech un de Liddtext un. D‘Theaterstéck beliicht d´Situatioun vun der Fra an der Enkt vum Lëtzebuerger Bauerenduerf, behandelt d´Fro vun der illegitimer Schwangerschaft, a weist d´Grenzen op, déi dem Mënsch vu sengem Ëmfeld gesat ginn.

En 52-säitege Kommentar vum Pascal Seil vermëttelt eng Vue iwwer dem Max Goergen säi Liewen a Schaffen, setzt d´Stéck a säin historeschen a literaturgeschichtleche Kontext an diskutéiert ënnert anerem, wéi am Text zentral Iddië vu Moral a Sexualitéit, Autonomie an ënnerdréckter Weiblechkeet behandelt ginn. Donieft fannt Dir an dëser Editioun e Glossar vun deene manner geleefege Lëtzebuerger Ausdréck.

De Band ass illustréiert an huet 169 Säiten.
Goergen, Max: D’Médche vu Götzen. Vollékssteck a ve’er Akten a fönnef Dêler. Virgestallt a kommentéiert vum Pascal Seil. Mersch: Centre national de littérature, 2011. ISBN 978-2-919903-25-2.
Präis: 14 €

Pour écouter la présentation de cette publication à la radio 100,7, cliquez ici.logo 100komma7








D'Médche vu Götzen


Haut de page

Copyright © Centre national de littérature   Aspects légaux | Contact